October 8 2022
ZOOPER HEROES



📢 Is it a bird, is it a plane? No, it’s Zooper Bee who is spreading love around the garden!
Maacht der Iech Suergen ëm d'Zukunft vun eiser Natur? Bedrécken Iech Wierder wéi "Klimawandel", "Aartestierwen" a "Biodiversitéitskris"? 🤔 Soulaang mir menge, mir wiren der Natur iwwerleeën, kréie mir déi Problemer net an de Grëff. Mir mussen eis Ëmwelt nei entdecken, virun allem déijéineg, déi an der Natur de Buttek um Lafen halen - am Géigesaz zu eis Mënschen och ouni se ze zerstéieren: d'Zooper Heroes! 🙌
Mat der performativer Visite Guidée Zooper Heroes wëllen natur&ëmwelt an de Kënschtlerkollektiv Independent Little Lies en neie, méi spillereschen Zougank zu dësen immens seriöen Themen erméiglechen. Huelt Iech eng Nues frësch Loft andeems der den Terrain vum Haus vun der Natur kenneléiert, a loosst Iech op eng ganz speziell Kombinatioun aus Theater, Performance, Musek a Videoprojektioun an. Zum Schluss vum Owend, bei enger „Kürbiszopp & Patt“ kritt dir dann d'Geleeënheet an enger convivialer Ronn Froen ze stellen, déi da vun den Expert:inne beäntwert ginn.
---
Mam Marc Baum an Elsa Rauchs
Konzept an Text: Jacques Schiltz, Claire Thill
Live Video Mapping: Paul Schumacher aka Melting Pol, matt ënnert aanerem Videomaterial vum Catherine Elsen/Marianne Villière (extraits vum clip Chrysalis Avalanche) an Fotomaterial vum Carine Gansen & Sören Salvatore (natur&ëmwelt)
Live Musek: Chris Reitz aka All Reitz Reserved
Produktioun: Independent Little Lies (ILL), natur&ëmwelt
---
🇱🇺 Sprooch: Lëtzebuergesch
💶 Ticketpreis: 15 Euro, 8 Euro (réduit), 1,50 Euro (Kulturpass)
📧 Reservation: reservation@naturemwelt.lu
🚏 Nächst Haltestelle: Kockelscheuer, Patinoire
☎️ Kontakt: Selma Weber, 29 04 04 311
---
Mat der Ënnerstëtzung vun der Oeuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte, dem Ministère de la Culture, dem Service National de la Jeunesse, der Banque Internationale à Luxembourg an der Fondation Enovos.
type
Haus Vun Der Natur (L)
type
08.10 2022
09.10 2022
15.10 2022
16.10 2022
people
Melting Pol, All Reitz Reserved, Marc Baum, Elsa Rauchs, Jacques Schiltz, Claire Thill